Palais des Dames
Ausgesin: Déi besonnesch fein Bulle bilden am Glas eng lieweg Perlekette. D'Faarf ass gëllent-giel mat engem staarke Glanz. De Wäin ass kloer a brillant.
Nues: Déi éischt Nues ass elegant a weist eng exzellent Reift mat Arome vu liicht kandéierte Friichten. Mat der Belëftung entwéckele sech Notte vu Bierghunneg. Am Ofgang weist sech en Hauch vu Séissegkeeten.
Goût: Den Ufank um Gomm ass ronn. Duerno entwéckelt sech eng schéi Frëschheet mat Zitrusnotten. Den Ofgang ass laang mat engem vollmundegen Charakter. Eng Cuvée, déi duerch hir Eleganz besonnesch den Dammen dierft gefalen, awer natierlech net nëmme fir Frae geduecht ass.
Assemblage: 50% Pinot Noir, 50% Chardonnay
Vinifikatioun: temperaturgereegelt Edelstoltanken
Dosage : 6g/L
Reifung: mindestens 5 Joer am Keller
KULINARESCH EMPFEELUNGEN
Gebrodenen Foie Gras
Gebrode Gambas
Jakobsmuschele mat Lënsen
Inhalt: 75cl