Schampes huet eis schonn ëmmer
begeeschtert. Am Mee 2019 hu mir fir d'éischte Kéier decidéiert,
dohinner ze reesen, wou alles säin Ufank huet: an d'Champagne.
Bis dohinner hu mir virun allem
déi grouss Haiser an déi bekanntsten Nimm kannt. Op der Plaz hu mir awer eng
ganz aner Säit vun der Champagne entdeckt: kleng, onofhängeg Wënzer,
Familljebetriber a virun allem Mënschen, déi mat enger impressionanter Passioun
an Hingab fir hir Wäiner schaffen.
Dës Begéinungen hunn eis Siicht
op de Schampes komplett verännert.
Op eemol goung et net méi nëmmen
ëm dat, wat an eisem Glas war. Mir wollte verstoen, wou de Schampes hierkënnt,
wéi en entsteet a virun allem d'Mënsche kenneléieren, déi hannert all eenzelner
Fläsch stinn. Mat all Begéinung hu mir méi iwwer déi verschidden
Hierstellungsmethoden, Terroiren an Drauwenzorte geléiert, awer och iwwer
d'Geschichten, d'Philosophien an d'Perséinlechkeete vun de Wënzer.
No där éischter Rees war eppes
sécher: Dat war eréischt den Ufank.
Mir hunn ugefaangen, eist Wëssen
iwwer d'Champagne ëmmer weider ze verdéiwen. Bicher, Recherchen a spéider och
de Gault & Millau goufen zu treie Begleeder. Mir hunn eis mat de
verschiddene Regiounen, Hierstellungsmethoden a Produzente beschäftegt, bis mir
schliisslech ugefaangen hunn, eis eegen Touren duerch d'Champagne
zesummenzestellen.
Aus dësem éischten Openthalt ass
eng richteg Traditioun ginn – an eis jäerlech Rees an d'Champagne zu engem
feste Rendez-vous.
Mee mir wollten dës Passioun ni
just fir eis behalen. Mir hunn ugefaangen, eiser Famill an eise Frënn vun eise
Reesen an eise Begéinunge mat de Wënzer ze erzielen an hinnen natierlech och
déi Cuvéen ze weisen, déi mir vun eise Reesen mat heem bruecht hunn.
Esou ass bei eis aus engem
einfache Glas Schampes séier eng kleng Degustatioun ginn. Hannert all Fläsch
stoung eng Geschicht, eng Erënnerung oder eng besonnesch Begéinung, déi mir
deele wollten. A lues a lues ass eis Begeeschterung ustiechend ginn – souguer e
puer vun den iwwerzeegteste Béierfrënn hunn um Enn keen Drëps Schampes méi am
Glas gelooss.
Genee dat huet eis ëmmer am
meeschte Freed gemaach: net einfach nëmmen eng Fläsch opzemaachen, mee mat
aneren e Stéck vun deem ze deelen, wat mir selwer an der Champagne entdeckt an
erlieft hunn.
D'Mënschen. D'Regioun.
D'Handwierk. D'Geschichten. An déi onheemlech Diversitéit, déi an dëser dach
relativ klenger Wäiregioun stécht.
Mat der Zäit ass de Wonsch
entstanen, aus dëser perséinlecher Passioun eppes Méi Grousses ze maachen.
Aus all dëse Reesen, Begéinungen, Degustatiounen
an onzielege Gespréicher ass eng konkret Iddi entstanen – a schliisslech eisen
eegene Projet
An hei si mir haut.
Mir wëllen Iech mat op eis Rees
duerch d'Champagne huelen an Iech d'Wënzer, d'Geschichten an d'Cuvéë méi no
bréngen, déi eis selwer esou begeeschtert hunn.
Well fir eis hannert enger
gudder Fläsch Schampes vill méi stécht wéi nëmmen dat, wat een am Glas fënnt.
