Blanc de Blancs Tornay
Ausgesin: Déi lieweg Pärelen bilden e breeden a crémege Kranz aus rengen Bullen. D'Faarf weist sech Gold mat grénge Reflexen. De Wäin ass kloer a brillant.
Nues: Déi éischt Nues ass frësch mat floralen Arome vu wäisse Blummen. Mat der Belëftung entwéckele sech Notte vu reife giele Friichten. Am Ofgang weist sech eng mineralësch Nott.
Goût: Den Ufank um Gomm ass lieweg mat engem ganz erfrëschenden, fein säierleche Charakter. Arome vun Zitrouneschuel gi vun enger liichter, nobeler Batterkeet am Ofgang begleet.
Assemblage: 100% Chardonnay
Vinifikatioun: temperaturgereegelt Edelstoltanken
Dosage : 8g/L
Reifung: mindestens 3 Joer am Keller
KULINARESCH EMPFEELUNGEN
Spargel mat Sauce Mousseline
Heilbutt-, Solefileten, ...
Mieresfriichten
Inhalt: 75cl