Demi-Sec Lacourte Guillemart
Entstanen aus de verschiddenen Ausriichtunge vun eise Wéngerten a kreéiert duerch d'Assemblage vu verschiddene Recolte vun de beschte Wäiner aus der Champagne.
Dës Cuvée aus 15 % Chardonnay an 85 % Pinot Noir reift dräi Joer laang an eise Kelleren.
Den Demi-Sec besteet aus där selwechter Assemblage wéi de Brut Tradition. Duerch eng méi héich Doséierung vum Liqueur d'Expédition kritt dëse Schampes awer säi méi séisse Charakter a gëtt zum ideale Begleeder fir Desserten.
Faarf: Bernsteingiel
Nues: kandéiert Friichte wéi Aprikos a Piisch, souwéi exotesch Friichten (Ananas, Kokosnoss)
Am Mond: mëllen a generéisen Ufank, mat Hunnegnouten, begleet vu feine floralen Nouten
85% Pinot Noir
15% Chardonnay
Dosage: 21 g/l
Inhalt: 75cl