Rosé Lacourte Guillemart
E charaktervollen, kräftegen an elegante Schampes, deen nëmmen an aussergewéinlech gudde Jore produzéiert ka ginn. Besonnesch bei Dammen ass en immens beléift.
E frëschen, liewegen, modernen a verféieresche Rosé, ideal als Aperitif oder als Begleeder zu engem Dessert mat roude Friichten.
Faarf: schéine Rosé mat rubinroude Reflexiounen
Nues: Arome vu frësche roude Friichten (Hambier, Äerdbier, Kréischel), ergänzt duerch eng ganz fein Peffernout
Am Mond: D'Arome vun de roude Friichte fanne sech erëm, dës Kéier e bësse méi räif, begleet vun engem feine wierzege Bouquet am Ofgang.
100% Pinot Noir
Dosage: 8 g/l
Inhalt: 75cl