Pierre et Henri
Als richteg Hommage un d'Grënner vun eisem Schampeshaus presentéiert sech dës Cuvée an enger wonnerschéiner, hellgëllener Faarf. Si entfält Arome vu giele Friichten, wéi Mirabellen a Pirschen, begleet vu mineralëschen a floralen Nouten.
Am Mond erënnert hir agreabel sauerlech Frëschheet un englesch Uebstbonbonen.
Eng aussergewéinlech, kräfteg a komplex Cuvée, déi Är Fësch- a Mieresfriichtegerichter perfekt zur Geltung bréngt.
100% Chardonnay
Dosage: 6 g/l
Inhalt: 75cl