Délice Rosé
Mat senger schéiner rosa Faarf a rubinroude Reflexioune begeeschtert dëse Schampes duerch seng lieweg Perlage, déi e generéise Rank vu Blosen entstoe léisst.
An der Nues entdecke mir fein Arome vu frësche roude Friichten, wéi Hambieren, Äerdbieren a roude Kréischelen, begleet vun enger ganz dezenter peffereger Nout.
Am Mond fanne mir dës fruuchteg Aromen erëm, dës Kéier e bësse méi räif, mat engem subtilen Hauch vu Gewierzer am Ofgang.
E Schampes, deen all Är Desserten op eng besonnesch Manéier zur Geltung bréngt
Un champagne qui sublimera tous vos desserts.
100% Pinot Noir
Dosage: 20g/l
Inhalt: 75cl